2011 " Pappalapapp !!" (Tournée)

download "Flyer"

 

 

Sprëtzegen Humor, en eiwegen Geschlechterkonflikt mat leschtegen a witzegen Iwerraschungen, lossen d’Alldagssuergen fir zwou Stonnen vergiessen.

" Pappalapapp!! " , eng flott Komedi an 2 Akten, aus dem Daitschen « Latein für Töchter » vum Bernd Spehling an d’Lëtzebuergescht iwersaat an ugepasst vum Liliane Luyckfassel an enert der Régie vum Nico Lessyn.

Am Mëttelpunkt stin 2 Frendinnen, d’Tessa an d’Doro. Allenzwee, hun se Problemer mat de Männer. D’Tessa, scho 15 Joër gescheed, huet eng Facebookbekanntschaft mat engem âlen Jongesell, dem Stefano. Duerch en onglëcklechen Tippfehler, steet deen ebemôl virun der Diir.

Daat naïvt Doro as onglëckleg mam Kasimir, sengem Mann, a well desen just e bessen jalous machen. Awer wéi? De Gregor, dem Tessa sain Ex an hirt Medchen d’Nicki hun sech och ugemellt. Déi jonkgebliwen a sportlech Rockerbôom Nele, Mamm vum Tessa, streckt hir Nues an alles waat se naischt ugeet.

Dem Nicki sai Prof, de Norbi Braumatsch,verklemmt bis a Boxarsch, sollt just lanscht kommen fir iwer schoulesch Problemer ze schwetzen, mee nôm Nicki sengem Plang hätt e besser gehaat doheem ze bleiwen.

D’Laura, eng komesch zigeineresch Geienzirperin, suergt fir di neideg romantesch Atmosphär.

An daat alles um selwechten Owend !!!!!!

E flotten, spannenden a lëschtegen Schlamassel.

Kommt kucken!!!!     Pappalapapp!!…………………

 

Et spillen:
Bertemes Claude, Blommaerts Willy, Kastelaan Laura, Moro Giordano,
Lessyn Laura & Cathy, Luyckfassel Liliane, Thommes Carole


Musék: Jeff Glesener
Technik: César Santos
Spezialeffekter: Patrick Bissen
Mimographie: Vincent Marcotte