| 2010 | |
|
|
|
Weider op der Schinn fir d’Leit laachen ze dinn, presentéieren d’Rappdeckelen op en Neits ee Kaméidistéck, „Hochzäit am Turnsall“, aus dem franséischen Originaltitel „On choisit pas sa famille!“ vum Jean-Christophe Barc an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an adaptéiert vum Liliane Luyckfassel. Awer och emol nees eng Kéier halen d’Rappdeckelen sech an hirem Public de Spiggel virun d’Aen well, Kaméidistéck hin oder hir, eenzel Szenen an eenzel Leit erënneren ons dach awer ganz staark un den Alldag. De Robert, een Eislécker van doawen, an d’Pierrette, ee rischtesche Minettsdapp, zesumme bal 120 Joer um Bockel, wëllen et nach eng Kéier zesumme probéieren an sech d’Jo-Wuert fir d’Liewe ginn, obschon si jo schon ee gudden Deel dovunner hannerun sech un. D’Yvette wëll dat grousst Evenement onbedéngt am Turnsall vun der Primärschoul feieren, do wou säi Mann Schoulmeschter ass. D’Kanner vum Brautpuer, zwou Familljen déi sech kaum fir net ze soen guer net kennen, wëssen der Duebel bal net ze wieren fir déi ganz Feier ze organiséieren, a profitéiere vun der Geleenheet fir nach déi eng oder aner kleng Ofrechnung ze begläichen déi nach opstong. Zwou Zwillingsschwesteren, ee Garçon matt zwou lénksen Hänn, ee Kach dee méi wéi d’Flemm huet, ee belsche Koséng, eng irresponsabel Jöfferchen, ee Brudder mat deem kee gerechent hat, eng Serveuse déi eng zolitt matt der Ratsch huet, eng granzeg Organisatorin an nach aner droleg Gestalten iwwertreffen sech bal fir d’Laachmuskelen ze strapazéieren, an dat net ze knapps. Jidderee wëll säi Pefferkäerche bäileeën a bal jidderee hätt méi wéi genuch matt sech selwer ze dinn. Mee loosst iech dach einfach selwer iwwerzeegen,
zielt iech zu de Gäscht op dëser aussergewéinlecher Hochzait,
déi schon zu Avignon an zu Paräis de Publikum begeeschtere
konnt. Et spillen ënnert der Regie vum Nico
Lessyn:
|
|