Et ass erem su weit, d’
Rappdeckelen hun och fier d’ Joer 2009 en neit Stéck eraus
bruet. “Aus dem Schneider” ass och des Keier erem eng Ustrengung
fier d’Lachmuskelen.
No engem turbulentem Owend mat vill Alkohol an e puer flotten Fraaleit,
fannen mer eisen Minister mat enger Asperin an sengem Büro erem.
Am groussen Ganzen huet hien sech gud amüseiert, wier do net nach
eng domm Klengegkeet: leider ze speit bemierkt eisen Herr Minister, dass
hien sech mat der falscher Fraa vergnügt huet. Wéi et sech
eraus stellt ass sie mam italieneschen Mafiaboss bestuet! Di ganz Sach
komplizeiert sech nach doduerch, dass eisen anstennegen Minister net mam
Staatsauto ennerwee war, mee mat dem vun sengem Kach. Wéi dunn
och nach den bellchen Aussenminister aus da Wallonie langst kënnt,
gereit alles driwer an drënner...
“Aus dem Schneider” ass erem en ganz gelongent Stéck
vun eisen Rappdeckelen. D’Italiener ewéi eis Noperen aus
der Belg gin eng kéier gud duerch den Dreck gezunn, an och mier
Lëtzeboier bleiwen net verschount. Immens vill Clichéen wéi
zum Beispiel ewéi fleisseg eis Employéen vum lëtzeboier
Staat sin, gin an d’ Stéck iwwerholl. Mee et muss een jo
och iwwert sech selver laachen kënnen.
|