2008
"Friess mech" (photos)
ee Kaméidistéck "Dévorez-moi" vum Olivier Lejeune
op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert vum Liliane Luyckfassel

 

Gudd gehäerzt, matt klengen Ennen, e bësse Pillipilli, eng Zéif Knuewelek, dat Ganzt exzellent gekacht, richteg pikant, de Plat vum Olivier Lejeune, op Lëtzebuergesch preparéiert vum Liliane Luyckfassel, ee Genoss fir de Geschmaach vun de Genéisser, déi net egal wat an egal wou iessen mee déi exigent gi sinn an déi eng gewësse Qualitéit verlaangen déi se net all Dag an iwerall servéiert kréien.

Jo, d'Rappdeckelen hun den D¨sch am Stäererestaurant gedeckt, am "Wäissen Hirsch", wo den Alain Linster, beschte Kach aus dem Land an iwwer d'Grenzen eraus, een aussergewéinleche Menü zesummegestallt huet fir esou säin drëtte Stäer erëmzekréien deen de Stanislas Lefauve, Chefredakter vum Guide Lichemin, him eweschgeholl hat, nodeems hien - den Alain - him - dem Stani - d'Fra eweschgebotzt hat.

Neen, de Plat du jour geet do nët duer, och net de Menü op der Kaart, do muss et schon eng Suggestioun vum Chef sinn déi d'Norme vun der Gastronomie sprengt, do mussen déi kulinaresch Experimenter scho bal aus der Rumm faalen an do muss schon ee geckegt Hinkel nët nëmmen eng Hand matt upaaken mee schon de ganze Kierper asetzen fir dass dee renomméierte Kach dee gefuartene Kritiker iwwerzeege kann, oder soll um Enn awer alles emsoss gewiescht sinn?

uelt iech an Uecht virum Wand deen duerch d’Äscht vun de Sassafrasbeem bléist, well wann et nët de Wand ass dee bléist da sinn et nawell ganz gäer d’Indianer déi päifen an déi esou d’Geräich vum Wand nomaachen fir domadden en Zeechen ze setzen wat d’Enn ukënnege soll wat ganz no ass a wat nët méi ofzewennen ass. Déi aarmséileg Famill Rockefeller, ausgewandert Lëtzebuerger déi sech am Kentucky néiergelooss hunn, mussen et um eegene Leiw erliewen, op hirer Ranch belagert vun deene roude Gesiichter.

Et ass scho veréckt, dat Theaterstéck wat den René de Obaldia (Du vent dans les branches de Sassafras) geschriwwen huet a wat vum Liliane Luyckfassel an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an adaptéiert gouf. Et hëllt iech mat op eng wonnerbar Rees an d’Welt vun den Indianer an de Cow-boyen. Vun Härze kënnt der laachen iwert d’Messgeschécker vun der Famill Rockefeller an hire Gäscht.

Eng Famill, wou ee wéi deen aneren e Rass an der Schossel huet : e grénge Patriarch, säi maansgeckegt Meedchen, de Jong en Déckkapp, en Dokter voll wéi ee Lach, e Luussert vun Indianer, eng Louder wéi se am Buch steet, e gottverloossene Scherif..., e beemol sëtzen se alleguer ongewollt am selwechte Boot, oder besser ausgedréckt ënnert deem selwechten Daach, en hoffnunglose Fall wou keen op der Welt nach géif och nëmmen een Cent op hir Iwwerliewenschance setzen.

No hirer leschter dach éischter méi nodenklecher a gesellschaftskritescher Produktioun presentéieren d’Rappdeckelen dëst Joer, hirer Gewunnecht getrei, nees eng Kéier eppes ganz aneres, ee Kaméidistéck matt Danz a Gesang wou nees esou richteg däerf gelaacht ginn.


Et spillen ënnert der Regie vum Nico Lessyn:

Bertemes Claude, Luyckfassel Liliane, Lambert Claudine, Firmin Martiny,
Olivier Wahl


Mimographie: Marcotte Vincent
Bühn: Guillaume Luc, Carole Thommes
Technik: César Santos
Musék: Glesener Jeff
Spezialeffekter: Bissen Patrick

Video: Ambrosini Yves