Huelt
iech an Uecht virum Wand deen duerch d’Äscht vun de Sassafrasbeem
bléist, well wann et nët de Wand ass dee bléist da
sinn et nawell ganz gäer d’Indianer déi päifen
an déi esou d’Geräich vum Wand nomaachen fir domadden
en Zeechen ze setzen wat d’Enn ukënnege soll wat ganz no ass
a wat nët méi ofzewennen ass. Déi aarmséileg
Famill Rockefeller, ausgewandert Lëtzebuerger déi sech am
Kentucky néiergelooss hunn, mussen et um eegene Leiw erliewen,
op hirer Ranch belagert vun deene roude Gesiichter.
Et ass scho veréckt, dat Theaterstéck wat den René
de Obaldia (Du vent dans les branches de Sassafras) geschriwwen huet a
wat vum Liliane Luyckfassel an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen
an adaptéiert gouf. Et hëllt iech mat op eng wonnerbar Rees
an d’Welt vun den Indianer an de Cow-boyen. Vun Härze kënnt
der laachen iwert d’Messgeschécker vun der Famill Rockefeller
an hire Gäscht.
Eng Famill, wou ee wéi deen aneren e Rass an der Schossel huet
: e grénge Patriarch, säi maansgeckegt Meedchen, de Jong en
Déckkapp, en Dokter voll wéi ee Lach, e Luussert vun Indianer,
eng Louder wéi se am Buch steet, e gottverloossene Scherif...,
e beemol sëtzen se alleguer ongewollt am selwechte Boot, oder besser
ausgedréckt ënnert deem selwechten Daach, en hoffnunglose
Fall wou keen op der Welt nach géif och nëmmen een Cent op
hir Iwwerliewenschance setzen.
No hirer leschter dach éischter méi nodenklecher a gesellschaftskritescher
Produktioun presentéieren d’Rappdeckelen dëst Joer,
hirer Gewunnecht getrei, nees eng Kéier eppes ganz aneres, ee Kaméidistéck
matt Danz a Gesang wou nees esou richteg däerf gelaacht ginn.
Et spillen ënnert der Regie vum Nico Lessyn:
Bertemes Claude, Luyckfassel Liliane, Lambert Claudine, Lehnert Danielle,
Martiny Firmin, Moro Giordano, Metz Claude, Lessyn Nico, Wahl Oliver
Christian Welscher
Mimographie: Marcotte Vincent
Choreographie an Danse: Antinori Dania
Bühn: Guillaume Luc, Lessyn Nico, Luyckfassel Liliane
Technik: Thiry Hubert, Luc Guillaume
Musék: Glesener Jeff
Regieassistenz: Antinori Adriana
Spezialeffekter: Bissen Patrick
Kostümer: Rappdeckelen
Plënneréquipe: Guillaume Luc, Wahl Olivier, an all déi
aner
Video: Ambrosini Yves
|