2006
"Rout Hierken" (photos)
ee Kaméidistéck "Des Harengs rouges" vum J-J Varoujean
op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert vum Liliane Luyckfassel

 

Den Anton an d'Sonja, richteg Bourgeois-en, déif kathoulesch, gesi vun hirer Fënster aus op eng Bänk déi aner Säit vun der Strooss, eng Bänk déi bewunnt ass, vun dräi Strummerten.

Dem Boris, dem Jackel an dem Joujou. A firwat nët emol eng Kéier esou Leit fir Sylvester invitéieren, seet sech D'Sonja. Et si jo Noperen, och wann se vläicht net sinn wéi déi aner,
da sinn se dach awer ëmmer frëndlech wann een se begéint, a virun allem bal ëmmer doheem.

Den Anton as alles wéi begeeschtert vun däer Iddee, mee seet sech, wann's de wéinst deem blöden Zipperlein scho muss oppassen mam Iessen a mam Drénken, da geet et op e bëssen och net méi unn.
Een eenzegen Owend, eng eenzeg Situatioun, fënnef grondverschidden Leit, an dach si gläichen sech een deem aneren, oder net? Dat grousst Lach an eiser Gesellschaft kënnt hei ganz kloer zum Virschäin. Wann Bourgeoisie a Foussvollek openaner stoussen, as de Kaoss virprogramméiert.

Wéi sou dacks halen d'Rappdeckelen hei hirem Publikum de Spigel virun d'Aen, an méi wéi eng Kéier kënnt een an d'Zweifelen, ob déi Szen, dee Saz, dee Geste dann och elo fir ze laache war oder ob net just och gelaacht gouf aus enger gewësser Verleenheet eraus. Fir den Anton an d'Sonja as et nët einfach, dësen Sylvesterowend, ob deem nët dräi Kinnécken mee dräi Strummerten bei si op Besuch kommen, zimlech rau Gestalten déi eis fäin Dokteschkoppel matt hirem Behuelen dach ganz séier iwwerfuerderen.

Dat Ganzt riskéiert zum Drama ze ginn, wann et net schon ze spéit ass.

Dëse Mix vu Sprèetzegkeet, Witz, déiwe Gefiller, Moral a Wourecht vum Varoujean gouf 1998 um Festival Off zu Avignon opgefouert an elo exclusiv fir d'Rappdeckelen vum Liliane Luyckfassel an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen.

Et spillen ënnert der Regie vum Nico Lessyn:

Bertemes Claude, Luyckfassel Liliane, Lambert Claudine, Lehnert Danielle,
Martiny Firmin, Moro Giordano, Metz Claude, Lessyn Nico, Wahl Oliver,
Christian Welscher

Mimographie: Marcotte Vincent
Choreographie an Danse: Antinori Dania
Bühn: Guillaume Luc, Luyckfassel Liliane
Kostümer: Rappdeckelen
Technik: Thiry Hubert, Claude Bertemes, Claude Metz
Musék: Glesener Jeff
Spezialeffekter: Bissen Patrick
Plënneréquipe: Guillaume Luc, Wahl Olivier, an all déi aner
Video: Ciné Club Dippach