Ouni
ee Recht dozou ze hunn an ouni Skrupelen praktizéiert de Gibbes
Eraus matt falschen Diplomer als Dokter. Ouni och nëmmen drun ze
denken, datt si et hei matt engem richtege Fuddeler ze dinn hunn, kräizt
enges Daags d’Police an der Praxis opp fir sech do ze verstoppen
an een Haus vis-à-vis ze iwwerwaachen. An ob si et wëllen
oder net ginn eis Polizisten bei hirer Iwwerwaachungsaarbecht ëmmer
nees mam Alldag vum falschen Dokter konfrontéiert dee behaapt seng
Patienten matt enger Regressioun ze behandelen andeems hien matt hinnen
hir Vergaangenheet duerchwullt.
Luusseg wéi ee Fuuss, matt engem onergrëndleche Culot an enger
scho bal onméiglecher Fantasie probéiert eise Näischnotz
sech aus deene verrécksten Situatiounen erauszezéien, woubäi
hien déi eng benotzt fir sech déi aner vum Leif ze schafen
wat esouguer esou wäit geet datt hien säi beschte Frënd,
ee Garçon aus engem Café, alse e ganz berühmten Psy
ausgëtt.
Gëtt eise Fuddeler um Enn blous gestallt ?
D’Äntwert op déi Fro kritt den Nokuckert a –lauschterer
vun dësem Kaméidestéck, wat den Ament nach ëmmer
zu Paräis matt groussem Succès gespillt hëtt a wat d’Liliane
Luyckfassel fir d’Rappdeckelen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen
huet.
Et spillen ënnert der Regie
vum Nico Lessyn:
Bertemes Claude, Metz Claude, Luyckfassel Liliane, Wagener Jeannot, Martiny
Firmin, Moro Giordano, Bour Monique, Harpes Marianne a Lessyn Nico.
Mimographie: Marcotte Vincent
Choreographie an Danse: Antinori Dania
Bühn: Guillaume Luc, Luyckfassel Liliane
Kostümer: Rappdeckelen
Technik: Thiry Hubert, Noël Roby
Musék: Glesener Jeff
Spezialeffekter: Bissen Patrick
Video: Ciné Club Dippach
|