| 2004 | |
|
ee Kaméidistéck vum Olivier Lejeune op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert vum Liliane Luyckfassel Dat kiirzte Bestietnis wat et an
der Geschicht gouf. Ee ganz renomméierten Publizitéitsmanager
an onverbesserleche Verféierer huet sech um Enn dran erginn, no
véierzeng Joer d'Zesummeliewen matt senger Partnerin ze offizialiséieren.
Mee d'Hochzäitsfeier huet et a sech. Ee vun de Räiskäeren,
matt deenen seng daboosseg Schwëster op der Kiirchentrap gehäit
huet, land am Bräitgemann sengem A. An dat ass den Ufank vun enger
ganzer Stréimung vu Katastrofen fir déi deem dach esou ongléckleche
Bräitgemann seng Maîtresse, däer hire Mann respektiv Brudder,
ee politesche Spëtzekandidat matten an der Walcampagne an een iwwerfuerderte
Lokalreporter dropp an derwidder suergen, woubäi d'Schwëster
an alle Situatiounen ee Wuert matt ze schwätzen huet. "Tout
bascule" (Originaltitel) war 2003 a Frankräich eng 200 mol ze
gesinn an hat iwwerall een immensen Erfolleg. Am Théâtre
de la Michodière zu Paräis huet den Olivier Lejeune a sengem
éischte Stéck selwer d'Mise en scène gemaach an och
mattgespillt. An der franséischer Press heescht et esouguer, Feydeau
a Cooney-Chapman hätte mam Lejeune ee ganz wiirdege Nofolger fond. |
|