"Dem Fo seng Stäerkt läit doranner, datt hien Texter schaaft
déi zur selwechter Zäit ameséieren, engagéieren
a Perspektive vermëttelen" huet et ënnert anerem an der
Wiirdegung vun der Schwedescher Akademie geheescht. De Fo ass awer och
ee Meeschter vun der Provokatioun, war a méi wéi ee Prozess
verwéckelt, gouf esouguer alt direkt op der Bühn verhaft.
An „Morte accidentale di un anarchico“ schafft de Fo mam Mëttel vun der
Grotesk, virun allem duerch de « matto », de Geck, eng vu senge
léiwste Figuren déi a ville vu senge Stécker optrëtt an déi der Wourecht
ëmmer nees op d’Spuer kënnt. De Geck, deen hei u Verkleedungs- an Imitatiounsmanie
leid, weist op d’Hannergrënn vum Doud vum Anarchist Pinelli 1970 an engem
Polizeiprisong zu Mailand hin, den Héichpunkt vun enger ganzer Rëtsch
vun onduerchsiichtegen Evenementer matt enger helle Wull Bommenattentater
Enn der 60er Joeren an Italien. Esou Attentater goufen et der och hei
am Land Mëtt der 80er Joeren, an d’Liliane Luyckfassel huet dem Fo säi
Stéck dann och net nëmmen iwwersat mee op eng exzellent Manéier u Lëtzebuergesch
Verhältnisser adaptéiert. Em
wat geet et? Ee Schisophreene gëtt vun der Police interpelléiert
an op d'Kommissariat bruecht well hien sech als een aneren aus gëtt
wéi deen deen en ass. Een Ament eleng am Büro, entdeckt dee
selwechten belaaschtend Dossieren a virun allem een iwwert ee Verdächtegen
deen onfräiwëlleg aus der Fënster geflattert wäer.
Firwat net eng nei Identitéit unhuelen an sech fir
en héie Magistrat ausginn dee geschéckt gi wär fir d’Kniet vun den Zesummenhäng
vun all deene knaschtegen Affären uechter d’Land lass ze maachen, Affären
déi fir déi politesch a polizeilesch Instanzen net dee beschte Geroch
an hiren dach esou feine Nueslächer sinn. D’Positioun
als Geck erlaabt dëser Persoun eng scho bal iwwerdriwwe Bëssegkeet a Gescheitheet
déi bestëmmt net jidderengem an de Krom erapasst. Eise Geck ass ëmmer
nees fir eng nei Iwwerraschung gutt. Duerch d’Verrécktheet a virun allem
duerch Onwarscheinlechkeet soll d’Wourecht iwwert all déi Affären erauskommen.
Déi ganz Hiérarchie ziddert vum Palais bis an de Kommissariat, an de Publik
kann doriwwer nëmme laachen.
Et spillen ënnert der Regie
vum Nico Lessyn:
Claude Metz, Claude Bertemes, Laurent Federspiel,
Firmin Martiny, Liliane Luyckfassel, Giordano Moro.
Hei nach e Kommentar vum Claude Frisoni:
Gloire accidentelle
d’un humoriste
Dario Fo est Prix Nobel de Littérature. Excusez du peu. Lorsque
le jury de la plus prestigieuse des distinctions a décidé
d’honorer l’auteur et son œuvre, il s’est trouvé
des âmes sensibles pour contester ce choix. Comment ? Un rigolo,
un contestataire, un iconoclaste, un réfractaire à l’ordre
établi, un élément subversif, un auteur ayant recours
à l’humour et à la dérision, admis, de son
vivant au Panthéon des plus illustres plumes de la planète
? Inconcevable ! Intolérable ! Inadmissible ! Crime de lèse-majesté.
Cette distinction suprême devrait être réservée
aux auteurs dits sérieux, reconnus, ou non-dits ennuyeux et parfois
inconnus. A ceux dont l’œuvre est consensuelle ou impénétrable,
aux monuments ou aux ruines… Certes, depuis Aristophane, en passant
par Molière, Corneille ou Shakespeare, le patrimoine de l’art
dramatique a pu à juste titre s’enorgueillir de plumes qui
pour être comiques n’en étaient pas moins géniales.
Mais il faut croire que pour être un bon auteur comique, il faut
être un auteur mort. Or Dario Fo est vivant. Bien vivant. Bon vivant.
Tellement pertinent qu’il en devient impertinent. Si un certain
establishment cultureux n’a pas spontanément applaudi à
la surprenante et courageuse décision de l’auguste Académie
Nobel, les professionnels et le public avaient depuis longtemps salué
le talent de l’auteur de « mort accidentelle d’un anarchiste
». Ceux que le rire effraie n’ont qu’à bien se
tenir, cette arme à la fois pacifiste et redoutable, efficace et
agréable, n’a pas fini de jeter des grains de sable dans
tous les rouages trop bien huilés du conformisme ni de perturber
la tranquillité ronronnante de la dictature de ceux qui n’ont
pas grand chose entre les oreilles. Dario Fo est un auteur classique quoique
contemporain. Mais les vrais auteurs classiques ne sont-ils pas précisément
ceux qui ont su être réellement contemporains de leur époque
?
Claude Frisoni
|