Wou en empfindlecht Publikum sech gutt muss
uschnallen. Explosiv an dach esou wouer, sech d'Gesiicht net verschleieren
well an eiser Welt vun haut gëtt et vun allem.
Et gehéiert Courage derzou, esou e Stéck opzeféieren.
Opgepasst, léift Publikum, nodeems d’Bidoschongs ganz Frankräich skandaliséiert
hunkommen se elo op Lëtzebuerg, fir eng grouss Première a Lëtzebuerger
Sprooch.
No deem grousse Succès d’lescht Joer mam Stéck « Domm gaangen »
vum Ray Cooney woen sech d’Rappdeckelen un e Monument vun der Bande dessinée :
Les Bidochon se donnent en spectacle ! Natiirlech nëmme matt der
Erlaabnis vum Auteur selwer. Hiirt neit Stéck « D’Bidoschongs
si lass » : Akteuren, Musécker, e puer Costumer an an dësem
Fall natiirlech eng immens Loscht de Bidoschongs hir Geschicht z’erzielen.
Vill Fantasie an nach méi bëssegen Humor, « net fir jidderengem seng
Ouere bestëmmt » an dach carakteriséiert dëst Stéck sech, agedeelt
a lauter Liewensabschnitter. Absolut genial, wéi den Universum
vum Zeechentrick eis total verféiere kann. E Freedefeier voller Mystik,
Humor, Witz, grotesk Situatiounen déi regelrecht Laachkrisen ervirruffen.
Déi
Mëssgeschécker, Witzer déi absolut näischt u Komik verléieren vum Zeechentrick
erop op d’Bühn. Also, d’Bidoschongs eng hondsgewéinlech Koppel,
Mann a Fra, net aneschter « wéi’s du an ech « , an dach sinn
an hirer Welt Manéieren, Récksiicht an Takt mikroskopesch kleng geschriwwen.
Um Enn stellt sech d’Fro : Kéint de Binet net och ee vun de RAPPDECKELEN
sin ? Well esou wéi hien halen och si hirem Publikum ëmmer nees de
Spigel virun d’Aen. Rideau op fir d ‘Bidoschongs, loosst
eis dës Aventür zesummen erliewen, mee OPGEPASST, et ginn der nëmme laanscht
d’Baken.
Et spillen ënnert der Regie vum Nico Lessyn:
Metz Claude, Luyckfassel Liliane, Sandra Schaaf, Giordano Moro, Claude
Bertemes
Mimographie: Marcotte Vincent
Choreographie an Danse: Antinori Dania
Bühn: Guillaume Luc, Luyckfassel Liliane
Kostümer: Rappdeckelen
Technik: Thiry Hubert, Noël Roby
Musék: Glesener Jeff
Spezialeffekter: Bissen Patrick
Video: Ciné Club Dippach
|