An enger déischterer Nuecht, get de Joe Zeien vun enger banaler
Agressioun un enger eelerer Damm, esou wéi daat haut an eise Gaassen
gang und geben ass. Hien rennt hir zu Hellef ! No deser Heldentat huet
hien missen de Polizeiinspektoren Ried an Äntwert stoen. Mee, wéi
sech éierbar verteidegen, ouni säi Privatliewen a Gefor ze
bréngen? Deem fehlt et ounihin net u Kuddelmuddel, Duuercheneen
an Geheimnistuerei, wat och onbedingt esou muss bleiwen.
Wat fir eng Strategie an Ëmweer en wuel benotzen wärt, de Joe
eise blannen Passgéier? E Verhéier vun e puer Stonnen war
néideg, fir seng 100% organiséiert Existenz op d'Kopp ze
geheien an dat Ganzt op eng Manéier wou de Witz an d'Komik d'Haaptroll
hun. Alle Mann an Bord, fir eng geriichtlech, droleg, urkomesch, hannerlëschteg
Aventure.
|