| 1999 | |
![]() |
|
Matten an der Geschicht vun de Rappdeckelen hirem neien Théaterstéck stellt sech déi grouss Fro: "As de Virwëtz der Léift iwerléen"? Zwee Personnagen, déi mat hirer aussergewéinlecher Sexualitéit un d'Extremer grenzen, an dach duerch staark Gefiller geleed, gin nuets gefangen vu stirmeschen a fantasteschen Turbulenzen. "Wee bass du?" Muss wierklech een alles vun deem anere wëssen, haaptsächlech seng Schwächen" Muss een net e puer Geheimnisser hun, daat gewessent Vertrauen lues a lues opbauen? Wéi soll een sech verhaalen fir deem anere säin Häerz ze eroberen? Ma genau daat gid der gewuer, am Laaf vun desem aussergewéinlechen Owend. Eng ganz Existenzphilosophie kennt op d'Tapéit. Zwee Menschen kaempfen mat alle Mëttelen géint eng Flut vun Zweifel, Angscht, alldeeglech Dreem, op eng menschlech, laecherlech awer virun allem megawitzeg Manéier. An desem Spektakel kommen Zuschauer an Akteur sech ganz no, andeems physesch Akzenter gesaat gin. D'Personnagen "Rudi-Jempi-Gusti-Milly", sin d'liewegt Resultat vum Auteur an derbei och Regisseur sengem Versuch de menschlechen Ridicul ze verkierperen. Dës Scheinwelt spigelt eis reell Welt zréck a schwetzt virun allem vu sengem alldeeglechen Zoustand a bleiwt net u sengen Klengechkeeten hänken. D'Rappdeckelen bréngen och dest Stéck op eng eemoleg Manéier, op hir Manéier un de Publikum! Et spillen ënnert der Regie
vum Nico Lessyn:
|
|