1998
"Eng Elle Welt" (photos)
ee Kaméidistéck "Dîner de cons" vum Francis Veber
op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert vum Liliane Luyckfassel

Hei ass déi fantastesch Aventür vun engem Puzzelfreek, dem Freddy, säin Wiesen e bessen naiv, an derbei nach zwou lenker Hänn. A senger Fräizäit baut hien 3 dimensional Puzzelen zesummen. En as agelueden, awer fir d'éischt passéiert hien nach beim Max, fir deem seng grandios Wierker ze presentéieren. Natiirlech waren déi zwee fireneen gemaach, an d'Geschicht helt e ganz opregende Laaf. Schlecht Zäiten fir de Max, dee mengt alles ze wessen an dach an d'Faal geréit.

An desem veréckten Owend, wou alles méiglech wir, iwerennen sech d'Evenementer an d'Iwweraschungen. Net ze vergiessen, dat total frustréiert Weib, daat dem Max söin schéinen Auto getéitscht huet, net ze vergiessen desen hannerleschtege Flic, deen alles drunsetzt, seng Karrière erem riit ze béien, an dann nach dem Max seng Fra, héichschwanger an um Punkt en ze verloossen.

Eng total geckeg Geschicht. En Theaterstéck voller Humor, sprëtzeg an aus dem Liewen gegraff, vun a mat de Rappdeckelen.

Et spillen ënnert der Regie vum Nico Lessyn:

Claude Metz, Claude Bertemes, Liliane Luyckfassel, Nico Lessyn, Stéphanie Persampieri, Marc Ollivier, Nadia Forgiarini, Christian Fassbinder, Bea Brosius, Angelika Lux, Porto Faben.