Et ass owends spéit, e klenge Bistrot vis-à-vis vun der
Gare. Zwee Personnagen begéinen sech, zwee, déi dach alles
trennt. De Jacques, e klenge snobben Speaker vun enger Telesvisiounsemissioun,
an d'Simone eng arem Louder, nach geschter am Prison.
A schons geet et lass, an enger bestänneger Géintiwwerstellung.
De Jacques, schons eng kleng am Gesiicht, an d'Simone och net méi
ganz aleng am Laf vun der Nuecht, wou d'Gestëppels an een dem aneren
uvertrauen, hir Schicksaler zesumme bréngt. Dach no esou enger
strapatzéierter Nuecht, as et dee Mueren drop nët esou einfach.
Léift Publikum, loost iech op en Neis matrappen, mir fëllen
iech de Sall mat Spannung a Gefiller. Awer fir är Laachmuskelen garantéieren
mir näischt.
Et spillen ënnert der Regie
vum Nico Lessyn:
Claude Metz, Liliane Luyckfassel, Nico Lessyn
|